Eng korrupt Regéierung ouni Gewaltmonopol, endemesch Aarmut, Hongerskrisen a Naturkatastrophe wéi d’Äerdbiewe vun 2010 oder den Hurrikane Matthew de leschten Oktober : D’wirtschaftlech an d’sozial Situatioun vun Haiti ass katastrophal. De Mohamed Hamdi huet mat dräi Experten iwwert d’Hannergrënn an d’Konsequenze vun de Presidentschaftwahle geschwat, déi virun bësse méi wéi enger Woch waren.